Connexion

Actualité

SUMMERAKTIVITEITEN Nordstadjugend - 2. PHASE


​​​​


SUMMERAKTIVITEITEN VUN DER NORDSTADJUGEND

Bild
 
Am Zäitraum vum 20.07-12.09 bitt d’Nordstadjugend asbl fir d’éischt Summeraktivitéite fir Jonker am Alter vun 12 – 26 Joer un. Wann s du net de ganze Summer wëlls doheem setzen, da kanns du dech gären elo scho fir déi éischt Phase umellen. Dat Ganzt funktionéiert mat Dagesumeldungen, dat heescht, du kanns dech pro Aktivitéit umellen a muss dech net direkt fir eng länger Period aschreiwen. Dat huet de Virdeel, dass du just un Aktivitéiten deelhëls, déi dir och wierklech Spaass maachen.

Allerdéngs sinn d’Plaze pro Aktivitéit op 15 Jonker limitéiert, dat heescht, déi éischt si vir. Am Fall wou deng gewënschten Aktivitéit scho voll ass, kanns du dech trotzdeem aschreiwen a kënns dann op eng Waardelëscht.

Du hues och d'Méiglechkeet dech an engem vun eise Jugendhaiser fir d'Aktivitéiten unzemellen an deng Participatioun do ze bezuelen. Hei kanns du natierlech och  mat dengen Elteren hikommen an dech informéieren. 

Eis Haiser sinn enner folgenden Adressen ze fannen

DIKRICHER JUGENDHAUS

​13, avenue de la gare
L-9233 Diekirch

T. +352 80 37 64
​diekirch@nordstadjugend.lu

Ëffnungszäiten
Méindes bis Freidess 14.00 - 20.00
Samschdes 14.00 - 18.00
ETTELBRECKER JUGENDHAUS

rue de l'école agricole
(Parking ouvert / Centre commercial)
L-9016 Ettelbruck

BP 145
​L-9002 Ettelbruck

T. +352 81 86 86
ettelbruck@nordstadjugend.lu

Ëffnungszäiten
Méindes bis Freides 14.00 - 19.00
Samschdes 14.00 - 18.00​

Administration communale de Colmar-Berg

Heures d'ouverture

Lundi: 11:00 à 15:00 heures..
Mardi: 08 :00 à 11:30 heures
Mercredi: 08:00 à 11:30 heures et de 13 :00 à 17:00 heures.
Jeudi: 08:00 à 11:30 heures.
Vendredi: fermée au public.

Adresse postale

B.P. 10
L 7701 Colmar-Berg

Contactez-nous

Tél:
83 55 43 - 1

Fax: 
83 55 43 – 225

Email: 
info@colmar-berg.lu