Connexion

Actualité

Carboncounter.lu

​Mobilitéitswoch – Lancement vum carboncounter.lu 

Dës Woch gëtt eng vum MIT mat der Ënnerstëtzung vu myenergy op de lëtzebuergesche Maart adaptéiert Versioun vun der Vergläichsplattform carboncounter lancéiert : carboncounter.lu!

Dëse Programm informéiert d'Notzer iwwert d'CO2-Emissiounen an d'Energieeffizienz vun de Gefierer déi um lëtzebuergesche Maart erhältlech sinn. D'Donnéeë sinn neutral a ginn no der unerkannter wëssenschaftlecher Method vum MIT ausgewäert. Esou kënnen d'Notzer sech hier eege Meenung iwwert d'Gefier bilden dat si kafe wëllen, esou wéi iwwert seng Motoriséierung.

Et handelt sech ëm e neutraalt Vergläichsportal dat de Privatpersounen net nëmmen erméiglecht, sech unhand vun hire Kaf-Critèren iwwert déi verfügbar Modeller z'informéieren, mä och hier Recherche un hier Notzungsgewunnechten unzepassen. 

Entdeckt dësen Tool op carboncounter.lu!

Carboncounter.png


Weider Informatioune fannt Dir op:
www.myenergy.lu/fr/particuliers/mobilite/empreinte-ecologique
www.myenergy.lu/fr/carboncounter-lu

Dir kënnt och eis erklärend Animatioun deelen, déi op eisem Youtube-Canal verfügbar ass !
youtube.com/c/myenergyGIELuxembourg


Administration communale de Colmar-Berg

Heures d'ouverture

Lundi: 11:00 à 15:00 heures..
Mardi: 08 :00 à 11:30 heures
Mercredi: 08:00 à 11:30 heures et de 13 :00 à 17:00 heures.
Jeudi: 08:00 à 11:30 heures.
Vendredi: fermée au public.

Adresse postale

B.P. 10
L 7701 Colmar-Berg

Contactez-nous

Tél:
83 55 43 - 1

Fax: 
83 55 43 – 225

Email: 
info@colmar-berg.lu